-
04|07|2011
LSAP op der Braderie zu Käerjeng
Och dëst Joer war déi Käerjénger LSAP mat engem Stand op der Braderie vum 2. Juli vertrueden.
Den mëttlerweil schonn traditionelle Maskottchen war natierlech och erëm mat vun der Partie an huet groussen Undrang bei Grouss a Kleng fonnt. Wien wollt konnt sech um Mupp fotograféiere loossen fir eng Foto als Undenken mat Heem ze huelen.
Fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt, grousse Succès haten den „Toast aux Champignons" an eng ugemaachen Drëpp aus Hambier an Äerdbier.
Vill Freed haten d' Leit och mat de Gadget'en déi verdeelt goufen, an et war eng gudd gelaunten Équipe déi vun Moies bis Owes mat gehollef huet fir dass des Braderie eng voll Réussite war.Hei e puer Foto'en vun dem gelongene Fest.




