-
13|09|2011
LSAP Lëscht 3 - offiziell deposéiert
D'LSAP-Lëscht fir Käerjeng a Kéinzig ass offiziell deposéiert ginn. Per Lous gouf an der Stad um Geriicht d'Lëschtenummer gezunn. D'LSAP krut d'Nummer 3. An den Archiver nogekuck, huet dës Nummer eis bei Wahlen nach ëmmer Gléck bruecht.
Sou lues a lues wuessen och d'Wahlplakater vun de Parteien aus dem Buedem. Di Käerjenger LSAP huet extra fir dës Wahlen eng 50 roud Réier opgestallt. Dës Réier sinn all Kéiers mat engem vun eise Käer-Messagen aus dem Wahlprogramm versinn. Dat wieren:
- Fir d'Famill
- Fir d'Ëmwelt
- Fir méi Solidariéit
- Fir méi Gerechtegkeet
- Fir méi SécherheetGeschwënn hänken och eis Plakater mat de Kandidaten a Kandidatinnen.
An de nächsten 2 Wochen gett dann och eise Programm verdeelt.




