-
11|05|2011
LSAP BESCHFEST ZU KÄERJENG
Déi lescht zwee Weekenden huet d'LSAP Gemeng Käerjeng hiert traditionnelt Bëschfest am Bommertbësch organiséiert.
Bei schéinstem Fréijoerswieder hun sech honnerten vun Sympantisanten getraff fir Fierkel um Spiess, Koteletten an aner lecker Grillspézialitéiten ze genéissen
D'Kanner konnten flott Präisser gewannen beim Fëschen oder Darts-Spill, an fir déi Grouss gouf et eng Tombola mat interessanten Cadeauen
D'ganz Equipe vun den LSAP Kandidaten fir d'Gemengewahlen 2011 huet déi zwee Weekenden alles drun gesaat an matgehollef fir e gelongend Fest ze organiséieren, wat awer och ouni déi grouss fräiwëlleg Hëllefséquipe net méiglech gewierscht wier
Dofir och vun dëser Säït nach eng Kéier e groussen Merci un all déi Leit déi eng Hand mat ugepaakt hun!
Fotoen fannd Dir op eise Facebook-Säiten




